Kinotipp: Road House vum Doug Liman

1989 huet de Patrick Swayze am Actionfilm ROAD HOUSE d’Haaptroll gespillt. 35 Joer méi spéit gouf och dëse Kultfilm nei verfilmt.

E fréieren Ultimate Fighting Champion dee virun sech selwer fortleeft a versicht all Form vu Gewalt aus dem Wee ze goe fënnt sech an de Florida Keys an enger Bar mam Numm “Road House” als Luxustürsteher zeréck. Hei kritt hien et mat enger Band vu Rowdies ze dinn déi fir de Konto vun engem Millionär dofir solle suergen datt dëse Café ee fir alle Mol seng Dieren zoumécht fir en Hotelkomplex um Terrain kennen ze bauen.

Datt de Realisateur vun THE BOURNE IDENTITY oder EDGE OF TOMORROW weess wéi een Action a Kampfzeenen inzenéiert, ass sécherlech kee Geheimnis. An et si genee dës Zeenen déi an dëser total absurder Actionkomedie vum Doug Liman ervirstiechen. Rapp a Klapp steet nämlech genee esou um Programm wéi dat am Originalfilm aus dem Joer 1979 de Fall war. Den Jake Gyllenhaal, gëtt dëser Haaptroll, déi iwwert Joerzéngten vum Patrick Swayze zur Kultfigur ginn ass, eng gesond Portioun Naivitéit a Witz, déi fir liicht, an Ufanks och flott Ënnerhalung suergen. Eng flaach Intrig an e patheteschen Antagonist suergen awer net dofir fir d'Spannung opriicht ze erhalen. Do hëlleft déi total iwwerspëtzte Gaaschtroll vum fréieren Ultimate Fighting Champion Connor McGregor och net wierklech. Trotzdeem liwwert den Doug Liman nees zolitten Ënnerhalungskino deen awer zum Leed vum Realisateur säi Wee ni op di grouss Leinwand fonnt huet an aktuell op Amazonprime ze gesinn ass.