Kinotipp: "Lee" vum Ellen Kraus

 D’Kate Winslet, den Andy Samberg, d’Noémie Merlant an d’Marion Cotillard deele sech d’Affiche am Biopic iwwert d’Fotografin Lee Miller.

D’Lee Miller ass e fréiert Fotomodell dat spéiderhin an hirer Karriär hannert der Kamera hiren eenzegaartege Bléck fir ëmmer op Fotoe festgehalen huet. Impressiounen déi an de 40er Joren am Vogue Magazin publizéiert goufen. Vu Portraiten iwwert zu Krichsfotoen an de Ruinen a matten am Gefecht vum zweete Weltkrich huet si d’Geschicht vun der Fotografie fir ëmmer markéiert an dem Horror vum Krich e Gesiicht ginn.

De Biopic Lee erzielt op klassesch ma efficace Manéier de Parkour vun enger Pionéierin déi sech souwuel an hirer Professioun wei am private Liewe fir Gläichberechtegung a Gerechtegkeet agesat huet. Ëmmer nees huet si absurd Konventiounen a Fro gestalt a sech driwwer ewechgesat.

E spannende Casting ugefouert vum Kate Winslet, déi och als Produzentin op dësem Independant Film fungéiert huet, leed duerch Momentopname vum Liewe vun enger Fra déi ni opginn huet.

LEE ass en didakteschen an engagéierte Biopic deen extrem gutt geschriwwen ass an deen a senger éischter Hallschent net aus de Konventioune vum Genre ausbrécht éier en sech a sengem zweeten Deel mat senger Haaptprotagonistin op d’Spueren uechter d’Ruine vun der Nokrichszäit mécht an de grausamen Horror vun der Shoah beliicht.