Das Verschwinden des Josef Mengele
Eng Adaptatioun vum Olivier Guez sengem "Non-Fiction"-Roman ass dem 56 Joer ale bekennenden Anti-Putin-Militant, Kirill Serebrennikov, säi 5. Film a 7 Joer.
Nom Enn vum 2. Weltkrich flücht den Nazi-Dokter a sougenannten "Doudesengel" Josef Mengele a Südamerika. Amplaz vun engem klassesche Juegd- oder Prozessfilm decidéiert de russesche Realisateur Kirill Serebrennikov, dem Mengele seng Monstrositéit duerch säin Alldag ze weisen. En Alldag vun engem Monster, dat ëmmer muss hannert sech kucken, sech selwer am Spigel knapp nach erkennt, ma nach ëmmer der Iwwerzeegung ass, datt seng Entscheedungen a Weltsiicht richteg sinn.
De Serebrennikov filmt en exzellenten August Diehl an der Haaptroll mat enger aussergewéinlecher Disziplin a Genauegkeet a mécht zu kengem Ament aus der Geschicht e Spektakel. Dësen total antiklimaktesche Biopic ass e Spigel, an deem d'Fragilitéit vum mënschleche Gewëssen ëmmer nees op d'Prouf gestalt gëtt. Eng eenzeg radikal Sequenz an där dat expressionistescht Schwaarz-Wäisst op eemol faarweg oplieft, ass genee esou schockéierend wéi eminent wichteg an enger Zäit wou d'Tendenz ëmmer méi geleefeg gëtt fir d'Grausamkeet vun der Geschicht vum Mënsch ze banaliséieren.
