Kinotipp: PRESSURE vum Anthony Maras
PRESSURE, realiséiert vum Anthony Maras, ass d'Adaptatioun vun engem Theaterstéck vum David Haig
Juni 1944: Kuerz virum Debarquement an der Normandie muss ee Meteorolog senge Virgesetzten erklären, datt d'Wieder fir déi gréisste Militäroperatioun an der Geschicht net gutt genuch ass.
72 Stonne virum geplangten Debarquement an der Normandie kritt de Meteorolog James Stagg den Optrag, eng genee Wiederprevisioun ofzeliwweren. D’Resultat ass awer net dat, wat d’Genereel Eisenhower a Montgomery wollten héieren. Héich Wellen an eng schlecht Visibilitéit maachen déi gréisste Militäroperatioun vun der Geschicht, déi um 5. Juni 1944 soll ufänken, quasi onméiglech. Mat all Dag, wou d’Operatioun verluecht gëtt, klëmmt awer och de Risiko, datt déi Däitsch d'Pläng vun den Alliéierten opdecken. Ënnert dësem extremen Drock muss de Stagg, gespillt vum Andrew Scott, elo seng Behaaptunge verdeedegen.
PRESSURE, realiséiert vum Anthony Maras, ass d'Adaptatioun vun engem Theaterstéck vum David Haig a weist, wat fir ee schwéiere Stand d'Wëssenschaft géigeniwwer dem politesche Wëlle kann hunn. Dës interessant Parallel zu der Géigewaart, ee staarke Cast an déi éischter manner bekannten Hannergrënn vum Debarquement sinn e Kinosbesuch wäert.
