Kinotipp: Whalefall
A WHALEFALL bleift engem jonken Taucher eng Stonn Zäit fir sech aus dem Bauch vun engem Pottwal ze befreien.
Op der Sich no sengem Papp geet den Jay op där Küst tauchen, wou dëse sech ee Joer virdrun d’Liewe geholl huet. Mee d’Expeditioun hëlt eng onerwaarten Tournure, wéi hie vun engem Pottwal ofgeschléckt gëtt. Wärend him nach just eng Stonn Sauerstoff bleift, muss hien ee Wee fannen, fir aus dëser extremer Situatioun eraus ze kommen.
Déi ganz aussergewéinlech Prémiss vu WHALEFALL ass eng Metapher fir déi schwiereg Relatioun vum Jay mat sengem Papp virun an no sengem Doud. Wann ee sech doropper aléisst, ass de Film, deen op engem Roman vum Daniel Kraus baséiert, dann och eng akzeptabel Mëschung aus Survival-Thriller an emotionalem Familljendrama. De Realisateur Brian Duffield, deen am Virfeld vill recherchéiert huet, weist hei op alle Fall een Dekor, wéi een en esou nach net gesinn huet.
