Dronen, KI a Cyberattacken: en neie Krich?
23/10/2025

Gëllt just nach d’Recht vum méi Staarken? Wat brauch et u Personal a Material? Sinn Dronen déi nei Wonnerwaff?
Jo, nee, dach an awer net – déi lescht Deeg war et e grousst Hin an Hier, ob et zu enger Entrevue Trump-Putin kënnt. Lo huet den US-President erkläert, dass d’Gespréicher mam Kreml-Chef zwar ëmmer gutt wieren, awer néirens hiféieren, an d’USA hu Sanktioune géint russesch Pëtrolsfirmaen decidéiert.
