"Kuerz a knapp" mam Magaly Teixeira

18/01/2022

An eiser Serie "Kuerz a knapp" stelle mir prominent Gesiichter an engem kuerzen Interview vir.

An eiser Serie "Kuerz a Knapp" hate mir Rendez-vous mam Magaly Teixiera. Si war d'lescht Joer beim Filmpräis an der Kategorie "Bescht Schauspillerin" nominéiert. Um Enn ass et awer net duergaangen, fir sech géint ënnert anerem d’Sophie Mousel duerchzesetzen.

D’Magaly Teixiera huet néng Joer zu Paräis studéiert, ma wunnt awer elo nees zu Lëtzebuerg. Ënnert anerem an der Serie Capitani 2 kann ee se dëst Joer gesinn, ma och aktuell leeft et scho gutt bei der Lëtzebuergerin. Si spillt och an der Netflixserie "Coyote" mat, déi op der Streamingplattform richteg gutt ukënnt.