Episod 2: Abtei Neimënster

Den Ament leeft nach de Festival "Bock op", ma och sou munch aner Saache stinn dëse Summer nach un.

Virun enger Woch stoung d'Ekipp vun der Abtei Neimënster nach mat de Féiss am Bulli a keen hat dru geduecht, datt knapps eng Woch drop erëm Eventer kéinte sinn.

D'Ainhoa Auchutegui, d’Direktesch vu Neimënster, huet eng Woch laang immens haart mat hire Mataarbechter dofir geschafft.