Kultur Summer: 76. Festival vun Avignon
De 7. Juli war den Optakt vun der 76. Editioun vum renomméierte Festival vun Avignon.
E Festival, deen déi südfranséisch Stad all Joers an eng Bün fir zäitgenëssesch duerstellend Konscht verwandelt. Nieft deem offizielle Festival gëtt et zanter 1966 och de Festival OFF, op deem och de Grand-Duché scho laang seng fest Plaz huet. 4 Lëtzebuergesch Kreatiounen stinn dëst Joer um Programm vum Festival OFF. Dorënner d’Theaterstéck “Frontalier”, dat vum Jean Portante geschriwwen a vum Frank Hoffmann op d’Bün bruecht gouf an “Terres Arides” vum Auteur Ian de Toffoli, an der offizieller Selektioun vu Lëtzebuerg. Fir si alle béid ass et eng ganz besonnesch Erfarung, fir mat enger eegener Produktioun bei dësem Festival dobäi ze sinn.