Kultur Summer: Lëtzebuerger Kënschtlerin zu Marseille

D'Nathalie Noé Adam ass no hirem Studium zu Marseille bliwwen, am Kader vum Salon International du dessin contemporain weist si hir rezent Wierker.

Am Reportage vum Valentine Patry kréie mer net nëmmen en Abléck an d'Liewe vun der gebierteger Diddelengerin, ma entdecke Marseille mat hir zesumme mol ganz anescht. D'Nathalie Noé Adam verréit, wat si dozou bruecht huet, am Süden ze bléiwen, wéi d'Kulturzeen evoluéiert huet an och deen een oder aner Geheimtipp fir en Trip an déi bekannt franséisch Stad um Mëttelmier.