Frontalier.ières

20/03/2021
Frontalier.ières
Play

E Stéck vum Jean Portante an eng Konferenz an der Rotonde

D'Frontalieren: Si sinn eng 200000 déi all Dag iwwert d'Grenz op Lëtzebuerg schaffe kommen. Mat der Pandemie huet sech och fir si villes verännert, mä d'Konzept vun der Grenz gouf et ëmmer nach. De 25ste Mäerz ass eng Konferenz an der Rotonde zu Bouneweg wou de Jean Portante an d'Sophie Langevin iwwer hir Theaterstécker zu dem Thema schwätze wäerten. D'Bea Kneip erzielt Iech méi doriwwer a stellt Iech d'Stéck vum Jean Portante vir.