Literaturpräisser fir de Guy Helminger an de Raoul Biltgen

17/05/2021
Literaturpräisser fir de Guy Helminger an de Raoul Biltgen
Play

Déi zwee Lëtzebuerger Schrëftsteller goufen an de leschte Wochen mat Literaturpräisser am Ausland ausgezeechent.

Fir de Guy Helminger war et den Hans-Bernhard-Schiff-Präis vun der Stad Saarbrécken, an de Raoul Biltgen, deen zu Wien lieft a schafft krut dee renomméierte Friedrich Glauser Krimi-Präis.

De Guy Helminger kann op eng ganz Rëtsch Literaturpräisser zeréckkucken, ënner anerem de Servais-Präis, den Dresdner Lyrik-Präis oder, ganz rezent, de Gustav Regler-Präis. Elo also och den Hans Bernhard Schiff Präis, deen e fir seng Kuerzgeschicht "Seit wir Besuch hatten, tropft der Hahn" zougesprach krut. Sou ongewéinlech wéi den Titel ass d'Geschicht selwer, an der de Guy Helminger mat den Erwaardunge vun de Lieser spillt. D'Geschicht kann een sech iwwregens am Video vun der Präisiwwerreechung ukucken a ulauschteren.

"Der ruhende Pol", dat ass den Titel vum Raoul Biltgen sengem Kuerzkrimi, mat der en am fënneften Ulaf elo endlech dee ganz prestigiéise Friedrich Glauser Präis gewanne konnt. Sou ähnlech wéi bei den Oscaren, wou et mat der gëllener Statuette jo och dacks eréischt no e puer Nominéierunge klappt. An dee Verglach ass net vun ongeféier, well de Friedrich Glauser Präis gëtt dacks als den Oscar vum däitschsproochege Krimi-Genre bezeechent.

Et kann een also felicitéieren, dem Raoul Biltgen an natierlech och dem Guy Helminger!