"Lapsuus" vum Joseph Kayser

15/11/2021
"Lapsuus" vum Joseph Kayser
Play

"Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser.

Nodeems e sech mat Romaner an Novellen op Lëtzebuergesch en Numm gemaach hat, ass elo dem Joseph Kayser säin éischte Roman op Däitsch erauskomm

"Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser. "Lapsuus", sou den Titel, ass dat finnescht Wuert fir "Kandheet" an de Pit, en éischter mëttelméissege Journalist, dem säi Liewen ëmmer méi ausser Kontroll geréit, gëtt bei de Recherchen fir e Reportage mat sengen eegene Kandheetserënnerunge konfrontéiert. Dëse Reportage féiert en nämlech ausgerechent a säin Heemechtsduerf, en isoléiert Nascht an dat just eng Strooss eraféiert, awer keng méi eraus, well et, ganz einfach op der anerer Säit näischt méi gëtt. Déi Erënnerungen déi dobäi héichkommen, kann de Protagonist net méi steieren,
Dobäi ass Erënneren a Vergiessen fir jiddereen eppes aneschtes. Fir den André zum Beispill, e fréiere Schoulkomerod vum Pit, deen näischt vergiesse kann. A fir de Pit selwer, deen sech ëmmer manner op seng Erënnerung verloosse kann. Gëtt et en Auswee? Kann een einfach esou fortlafen, an alles hannert sech loossen, d'Erënneren grad esou gutt wéi d'Vergiessen?
Am Interview erzielt de Joseph Kayser wat een a sengem villäicht bis elo beschte Roman, esou alles tëscht den Zeile liese kann.