En Tour iwwer d'Walfer Bicherdeeg 2021
26/11/2021

20 Stonne fir d'Buch iwwer 2 Deeg verdeelt, dat waren d'Walfer Bicherdeeg 2021.
D'Bea Kneip huet sech op de Walfer Bicherdeeg net nëmmen mat e sëllechen Auteuren ënnerhalen, mä hat huet och d'Frettchen Frieda kennegeléiert, war bei engem Ausfluch op d'île Maurice dobäi an hat huet souguer e gudden Tipp kritt, wéi een aus senger Léift zu Bicher e Beruff maachen kann. Dat alles an nach vill weider Interviewen an Andréck fannt Dir am Podcast "Lecture vun heiheem"