D'Shortlëscht vum Servais Präis 2022

23/04/2022
D'Shortlëscht vum Servais Präis 2022
Play

Ugangs Mee wäerte mer gewuer ginn, wien dëst Joer de Servais Präis gewënnt. Do virdrun wëlle mer awer nach e klenge Bléck op d’Shortlëscht geheien.

Se kéinten net méi verschidde sinn, déi 5 Bicher déi et dëst Joer op d’Shortlëscht vum Servais Präis gepackt hunn. 4 Schrëftsteller an eng Schrëftstellerin, 3 Wierker op Franséisch an 2 op Däitsch, kräiz a quier duerch all Genren.
Dem Guy Helminger säi villstëmmege Roman «Lärm», der Nora Wagener hier Kuerzgeschichtesammlung «Was habe ich verpasst», dem Jean Portante säin Theatermonolog «Frontalier», dem Jeff Schinker säin autofiktionale Roman «Ma vie sous les tentes» an «à bord» Poesie aus der Fieder vum Paul Mathieu, fir all dës Wierker an en direkte Verglach mateneen ze stellen, ass schwéier, wann net onméiglech.
Trotzdem ass et derwäert fir déi 5 Bicher hei kuerz Revue passéieren ze loossen an se sech, zesumme mat den Auteuren, méi genee unzekucken. Déi grouss Iwwerraschung vun der Shortlëscht ass wahrscheinlech de Paul Mathieu, dem säi Poesieband "à bord" wuel keen esou richteg um Radar hat, dat obwuel hei scho laang schrëftstelleresch aktiv ass.
Mam Paul Mathieu reese mir an de Kongo, ausserdeem riichte mir mam Jeff Schinker eis Zelter op, ginn iwwert d'Grenz mam Jean Portante, maache Kaméidi mam Guy Helminger a mir verpassen näischt mat der Nora Wagener hiere Kuerzgeschichten. Net verpasse sollt een och déi nei Ausstellung am CNL, déi ënnert dem Titel "Imaginer Servais" 30 aussergewéinlech Bicher a Bild an Toun präsentéiert.