"Schnatt", deen neie Roman vum Guy Rewenig

11/03/2023
"Schnatt", deen neie Roman vum Guy Rewenig
Play

"De Sheriff" dat ass de Spëtznumm vum Bréifdréier Leo Schummer. A säi Jong, den Nikla, geet op de Kannerfuesbal als...Sheriff

Dass de Guy Rewenig e Meeschter am Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch ass, brauch ee kengem méi z’erzielen. Fir dëse Roman, wéi och schon a senge leschte Bicher, benotzt hien d’Erzieltechnik vum Stream of Consciousness. De Leo an den Nikla Schummer kommen ofwiesselend zu Wuert a schwätzen sech, wéi een op Däitsch géif soen «um Kopf und Kragen».