"Béischten" den neie Roman vum Jemp Schuster
30/10/2023

Wat hanner zouenen Diere geschitt, dat geet keen eppes un...dat ass an dem klengen Dierfche Kromber net anescht wéi soss enzwousch...
Mat senger Familjechronik an zwee Deeler, "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" huet de Jemp Schuster seng Lieser begeeschtert. Säin neie Roman "Béischten" ass grad esou spannend erzielt a sproochlech ausgeräift. E Buch dat een sech op kee Fall sollt laanscht d'Nues goe loossen!