Op der Sich no Spiritualitéit an der japanescher Biergwelt
26/10/2025

"Yamabushi - La sagesse des montagnes" vum Robert Weis
Mat "Retour à Kyoto" (Transboréal, 2023) huet de Robert Weis eis schonn eng Kéier mat a Japan geholl. E Land mat zwee Gesiichter: op der enger Säit déi modern Metropol Tokyo, op der anerer Säit dat Japan dat op eng jorhonnertelaang Geschicht zeréckkuckt. Eng räich Traditioun déi de Robert Weis op senge Reesen an d'Land vun der opgoender Sonn kennegeléiert huet. A sengem neie Buch  "Yamabushi - La sagesse des montagnes" erzielt hien vun de Yamabushi, Mënchen déi an ofgeleeëne Biergregiounen eng déif spirituell Verbindung mat der Natur fleegen. 
"Yamabushi - la sagesse des montagnes" vum Robert Weis ass bei Transboréal erauskomm.
