Den neie Xavier-Kieffer-Krimi an de Filmprojet "Droneland"

19/12/2025
Den neie Xavier-Kieffer-Krimi an de Filmprojet "Droneland"
Play

Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity

Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere Bicher) op Lëtzebuerg virstelle kënnt, ass schonn Traditioun. Och aus dem neie Buch "Verhängnisvoller Champagner" huet hien op verschiddene Plazen am Land gelies. Leider sinn déi Liesungen déi am Interview ernimmt ginn, schonn eriwwer. Fir d'Xavier-Kieffer-Trëppeltier déi den LCTO organiséiert, kann een sech awer nach umellen! Ausserdeem däerf een sech elo schonn op de Start vun der Tëleesserie "Droneland" fréeën dee fir den Hierscht 2026 virgesinn ass, a, wie weess, villäicht dauert et jo guer net méi sou laang bis de Xavier Kieffer och op der Tëlee ze gesinn ass...