"Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov

Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian
An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an dem neie Roman "Boy Overboard" d'Iddi opkënnt, fir an engem Tauchcamp un der Küst vu Kroatien d'Vakanz ze verbréngen, sinn si direkt Feier a Flam! An natierlech dreemen si dovun, d'Schëffswrack ze fannen, an dem der Legend no d'Kroun vum Keeser Diokletian verstoppt ass. Mä wat du geschitt, dat haten si sech net erwaart!
Am Interview erzielt d'Isabelle Marinov vun hirer Faszinatioun mat der Ënnerwaasserwelt, vu Muschelen déi bis zu 30 Joer al kënne ginn, vun engem Palais an dem ee spadséiere goe kann, vun engem Tëntefësch deen ëmmer mat dobäi ass a vun zwee Filmer déi an der Maach sinn.
"Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov ass bei Sweet Cherry Publishing erauskomm
