Jemp Schuster, Michèle Turpel: Spawecken als Verbindung zur Vergaangenheet

De Jemp Schuster schwätzt iwwer säin neie Roman "Spawecken"
Mat "Bluttsëffer" huet de Jemp Schuster 2020 säin éischte Roman virgeluecht , deen em net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis, mä och en enorme Succès bei de Lieser bruecht huet. Och an dem neie Roman "Spawecken" dréint sech nees alles ëm eng Famill, dës Kéier d'Schmaddsfamill aus dem fiktiven Dierfche Schëldref. An natierlech ëm den Ampeljong, deen décken Nëssert deen zënter Jorhonnerten alles matkritt wat a Schmadds geschitt. Säi Geheimnis wäert eréischt 1988 un d'Liicht kommen, wéi den Ampeljong duerch e Blëtz gespléckt gëtt. Wat genee et domat op sech huet, dofir muss ee wäit an d'Vergaangenheet siche goen, bis an d'17.Jorhonnert, an d'Zäit vum Drëssegjärege Krich. Am Interview schwätzt de Jemp Schuster iwwer déi Verännerungen mat deene seng Personnage zu verschiddenen Zäite konfrontéiert sinn, sief et an der zweeter Halschent vum leschte Jorhonnert oder matzendran am Horror vum Drëssegjärege Krich. Et geet awer och ëm d'Lëtzebuerger Sprooch als Handwierksgeschier vum Auteur, den Auteur als Wuert-Schmadd souzesoen. An der Schmëtt kennt sech och dem Jemp Schuster seng Fra, d'Actrice Michèle Turpel, beschtens aus. Si kënnt aus enger Schmadds-Famill an dat war och eng Inspiratioun fir dat eent oder anert Element dat am Roman erëmzefannen ass.
"Spawecken" vum Jemp Schuster ass bei Kremart Edition erauskomm.
