Alldag zu Lëtzebuerg: net alldeeglech!

"Das Leben zwischen Arbeit und Leidenschaft" vum Jean-Marie Backes
De Jean-Marie Backes seet vu sech selwer dass e virwëtzeg ass. Hie reest- meeschtens mam ëffentlechen Transport - duerch ganz Lëtzebuerg, schwätzt mat de Leit an interesséiert sech fir déi Geschichten déi en anere géif als banal ugesinn. Mä hannert dem Alldeegleche verstoppt sech dacks dat Ongewéinlecht, Spannend oder souguer Skurrilt. Dat geet vum Ausfluch vum "Biisser Blumme Veräin" am Joer 1968 iwwer den Alldag vun de Leit op dem net alldeeglechen Datum vum Trounwiessel bis bei d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie déi de Jean-Marie Backes aus verschiddene Bléckwénkele beliicht.
Wéi war et am Schied vun der HADIR zu Déifferdeng opzewuessen? A wie war de Feierstëppler, dee mir vun den ale Lëtzebuerger Mënze kennen? A wat géif e Méi-Roboter eis soen, wann en da schwätze kéint? Eng Äntwert op all déi (an nach vill aner) Froen gëtt et an dësem Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem".
