Buergen a Schlässer am Land (3): Buerschter Schlass

Haut verschléit et eis an d‘Éislek, méi genee an déi gréisste Buerg aus dem Land, d‘Buerschter Schlass.

1095 erbaut, steet et no joerhonnertelaangen Vergréisserungen an duerno och Restauratiounen elo nach ëmmer a voller Pruecht 370 Meter iwwert dem Mieresspigel.

Hautdesdaags këmmert sech d‘“Amis du Château Asbl“ ëm d‘Erhalen an d‘Promouvéiere vum Site. Iwwer 30.000 Visiteuren aus Lëtzebuerg, mee och der Ëmgéigend a soss der ganzer Welt hunn dat lescht Joer de Wee heihinner fonnt. Et gëtt vill ze entdecken a bei där eenzegaarteger Vue mécht ee gären emol eng Paus, fir op d‘Sauer ze kucken, déi ënnen um Fouss vun der Buerg laanscht leeft. A wat een zousätzlech gewuer gëtt: An den Archiven ass vill erhale bliwwen, sou ginn et Dokumenter, déi beleeën, dass op d'mannst 3 Hexeprozesser op der Plaz gemaach goufen.

365 Deeg am Joer huet d‘Buerschter Schlass seng Dieren op a 4 Mol am Joer huet ee souguer d‘Chance, d‘Buerg owes kënnen ze besichen. Den Ament schafft d‘ASBL fir hire 50. Gebuertsdag och un engem Buch zesumme mam Fotograf Marc Schoentgen, dee schonn iwwert dausende vu Fotoe vum Buerschter Schlass geschoss huet.