Joé Flies, Lena, Anna a Pierre

05/11/2020

E Freideg den Owend sinn de Joé Flies an 3 bekannte Kanner eis Invitéen am Live! Planet People.

D'Lena vu Gonnereng séngt fir säi Liewe gär. D'Anna vun Useldeng huet mat 6 Joer ugefaangen, Cello ze spillen an ze danzen. De Pierre fiert Skateboard a spillt Dëschtennis a war mat senger Klass zu München bei 1, 2 oder 3. De Joé Flies huet 2015 nom Enn vun der Band "Angel at my table" eng Solokarriär ugefaangen.