Am Talk: Frank Elstner a Lex Kloos iwwer d'Liewe mat Parkinson

Am Talk begéine mer haut zwee Männer déi dat selwecht Schicksal deelen: Parkinson.

De Frank Elstner kennt ee vun der Televisioun, wou hie bei 'Wetten Dass' oder mat 'Verstehen sie Spass' de Leit gutt Laun vermëttelt huet. Elo mécht hie Schlagzeile mat senger Krankheet.
An de Lex Kloos ass zu Lëtzebuerg 'Patient Ambassador vu ParkinsonNet' a bréngt de bekannten Entertainer a Showmaster en Donneschdeg op Lëtzebuerg fir iwwer Parkinson ze schwätzen.