De Magazin Talk mam Sandrine Cantoreggi a Carolina Eyck
Zwou ausgezeechent Musekerinne mat zwee aussergewéinlechen Instrumenter hu sech beim Dan Spogen begéint.
E Samschdeg op Halloween ass am Schlass zu Veianen de Programm 'Schattenwelten' mat der Sandrine Cantoreggi op der Gei. D'Carolina Eyck huet scho mat 5 Joer Piano geléiert an iwwer d'Gei koum si mat 7 Joer zum Theremin, wat net sou heefeg ass.
Zwou Virtuosinnen op hirem Instrument an d'Léift zur Musek, déi keng Grenzen kennt, am Talk am Magazin
