Behind the scenes: Wéi bereede sech d'Kandidate vir?
Wat maachen d'Kandidaten nodeems se gewuer gi sinn, dass hir Challengen sech ronderëm d'Thema Nohaltegkeet dréinen?
D'Läscht Woch kruten eis Kandidaten an der éischter Episod vu "méi mat manner" matgedeelt, dass hir Challengen sech ëm d'Thema Nohaltegkeet dréine sollen. Wat genee op se duerkënnt, wëssen se nach net mä ier di éischt Kandidaten mat hirem Challenge dru sinn, hate si alleguer eng Woch laang Zäit fir festzehalen, wéi eng Roll d'Nohaltegkeet elo schon an hirem Alldag spillt... mat interessante Resultater.
