De Portrait: Camille Kerger

07/03/2021

De Camille Kerger ass ville Leit zu Lëtzebuerg bekannt als Museker a Komponist. An der Sendung haut erzielt en iwwert deen trauregsten Dag a sengem Liewen.

De Verloscht vun engem Mënsch deet wéi, Trauer braucht Zäit, heiansdo Joren, zemools wann e Mënsch duerch eng Ongerechtegkeet aus dem Liewe gerappt gëtt. Dann ass et fir d‘Famill ëmsou méi schwéier, domat ëmzegoen. Am Fall vum Museker a Komponist Camille Kerger, war et nach méi schlëmm, hie war just am Auto hannert senger Fra, wou déi duerch ee Chauffer, deen ze séier an alkoholiséiert war ëm d'Liewe komm ass. Dem Jenny Fischbach huet hie seng Geschicht erzielt.