Mmmh! Restaurant La Lorraine

Virun engem décke Mount ass di nei Lorraine lancéiert ginn. D’Sandie Lahure huet fir iech getest.

De Restaurant „La Lorraine » op der Place d’Armes gëtt et scho ganz laang. Virun allem war dësen ëmmer déi TOP Adress fir Fësch. Mat de Joren awer ass e bëssen den ale Glanz verluer gaangen. Elo soll genee do ugeknäppt ginn, wou d’Adress op hirem Héichpunkt war.