Mmmh! Dinner in the sky

Dinner in the Sky, e Konzept wat schon a 70 Länner op der Welt stattfonnt huet ass dësen Weekend fir d'éischt zu Lëtzebuerg.

Iessen an engem Stären Restaurant ze genéissen ass schon eppes Aussergewéinleches. En Menü vun engem Stärekach op 45 Meter Héicht zoubereet an zerwéiert ze kréien ass nach méi extraordinär. Dat ass awer den Ament fir 4 Deeg fir d’éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg méiglech.

Dinner in the Sky – eng Experienz déi net nëmmen fir d’Clienten ma och fir d’'Käch eemoleg ass.