Mmmh! Yann Castano - "chef de l'année 2018" vun Gault&Millau
D'läscht Woch huet den Restaurantguide Gault&Millau den Präis vum "chef de l'année 2018" un den 37-järegen Yann Castano iwwerreecht.
De Yann Castano ass Chefkach am Restaurant Oro e Argento am Sofitel um Kierchbierg. 15 Joer schafft hie schon hei. Mat 22 huet hien als Chef de partie ugefaangen. Seng Aarbecht ass dëst Joer vum Guide Gault&Millau belount ginn. Hien krut de Präis vum „Chef de l’année 2018“ vu Lëtzebuerg.
