Mmmh! Zopperezepter vum Pit Wanderscheid

Mir hunn den Pit Wanderscheid op der Wemperhardt besicht an kruten zwee vun sengen Liiblingszoppenrezepter gewisen.

De Pit Wanderscheid ass en passionéierte Kach. A virun allem fir seng raffinéiert gastonomesch Kiche bekannt. Mat senge 27 Joer ass hien ass awer net „just“ Chefkach ma këmmert sech als „chef excécutif“ em all d’Restauranten am Shoppingcenter Maassen op der Wemperhardt. Kachen ass säi Liewen an hien inspiréiert gaeren anerer fir frësch ze kachen. Haut weist hien eis kee gastronomesche Plat ma zwee richteg lecker Wanterzoppen.