Kachen an Iessen am Besch
Mat den Eurotoque Chefen op kulinarescher Entdeckungstour
De Jan Schneidewind weess wéi een d'Leit bekäschtegt. Mat Hellef vu senge Kollegen vun Eurotoque huet de Kach an Traiteur am Besch e Menu mat den Ingredienten vun do zoubereet a senge Frenn op der Plaz servéiert. Eng ländlech Tafel, déi weist wat fir herrlech Menuen ee mat de Produiten aus dem Besch hierstelle kann.
