Mmmh! Minikäch
Kanner fir d’Kachen an den Beruff vum Kach begeeschteren, dat ass d'Zil vum Projet Minikäch vum Vatel Club Lëtzebuerg.
De Projet Minikäch ass am September gestart. Kanner tëscht 9 an 13 Joer konnten sech aschreiwen. Zënterhier treffen si sech all zweete Samschden an erliewe Spannendes ronderëm d’Thema Kachen, Liewensmëttel an Ernärung. Mir hunn si de leschte Samschde bei hirer Excursioun op de Stater Maart begleet.
