Wanterkichen - Episod 5 - Schwéngsmignon
Den Ben Péporté sicht nom perfekten Plat fir d’Feierdeeg. An der läschter Episod kënnt d’Propose vum Kach Claude Mondloch.
Schwéngsmignon mat Kachkéis, grénge Bounen, rouden Rommelen an enger Béierzooss – dat ass den perfekten Plat fir d’Feierdeeg den de Kach Claude Mondloch dem Ben Péporté proposéiert. Regional Produiten kombinéiert mam Schwéngefleesch vun der Marque Nationale.