Schlammwiss
Taucht an an d’Schlammwiss-Brill, eng eenzegaarteg Naturpärel am Syrdall.
Wou Fiichtgebidder, riseg Schilffelder a Waasserbüffelen en eenzegaartege Liewensraum fir vill seelen Déiere bidden. Entdeckt zesummen mam Jim Schmitz vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur an dem Ëmweltarchitekt Eric Kraus wéi dëst Naturschutzgebitt zum Zentrum vum Vulleschutz a wëssenschaftlecher Fuerschung zu Lëtzebuerg ginn ass.