Ditgesbaach
Kommt mat an en ale Bongert, wou Steekauz a Siweschléifer doheem sinn an iwwer 80 rar Uebstzorten erhalen a geschützt ginn.
Den Ëmwelttechniker Michel Frisch weist Iech dësen eenzegaartege Liewensraum, deen Natur- a Kulturwäert verbënnt a weist, wéi wichteg Bongerte fir eis Biodiversitéit an eise Patrimoine sinn.