Episod 9 - De Luxembourg Science Center

19/04/2023
Episod 9 - De Luxembourg Science Center
Play

Am Luxembourg Science Center gëtt et Probleemer mat der Gouvernance

De President vun der ASBL Luxembourg Science, Nicolas Didier, huet gläichzäiteg eng Privatfirma, déi quasi exklusiv fir de Luxembourg Science Center schafft. Den Educatiounsministère, deen de Luxembourg Science Center mat Subventioune finanzéiert, géing gären opraumen a fir kloer Verhältnisser suergen, mee den Nicolas Didier mécht dobäi net richteg mat.

iTunesSpotify