Generalversammlung vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin

25/07/2026 08:00
Generalversammlung vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin
Play

Hëtzt an Dréchent schueden dem Uebst. Produzente musse mat Drénkwaasser netzen.

D'Beem hunn den Ament richtege Stress, besonnesch déi, un deenen Uebst hänkt. Dat huet de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin e Freideg den Owend op der Generalversammlung ënnerstrach. D'Hëtzt an dat dréchent Wieder sinn dëst Joer eng enorm Erausfuerderung. Wéi d'Recolte gëtt weess een nach net, mä et ass méiglech, datt en Deel vum Uebst erof fält an et gëtt de Risiko vu Sonnebrand.

iTunesSpotify