Aurel&Axel: Wéi Hydroponie d'Landwirtschaft erweidere kann

Fir säin eegent Geméis oder Kraider unzebauen, brauch een am Idealfall e Gaart, op d'mannst awer e puer Blummendëppen – sou kéint ee mengen.

De System vun der Hydroponie weist, dass dat net de Fall ass. Hei wuesse Planze ganz ouni Buedem mat hire Wuerzelen direkt am Waasser.
An dësem Episod léiere mir e Projet kennen, deen zu Lëtzebuerg nach a sengen Ufäng stécht. An Zukunft kéint en eng Äntwert op d'Fro ginn, wéi d'Agrikultur dorop reagéiere kann, dass ëmmer méi Leit a Stied an net op dem Land wunnen.