Gehaanshaff: Lëtzebuerger Quinoa a Kicherierbessen
Wann een als jonke Bauer e Bauerenhaff iwwerhëlt, dann huet e gewéinlech scho genuch domat ze dinn, déi Saachen um Lafen ze halen, déi schonn amgaang sinn.
Et ginn awer Charakteren, déi ëmmer en neien Challenge brauchen.
An dësem Episod léiere mir ee Bauer kennen, dee sech schonn a sou munch neie Projet gestierzt huet, déi hien zum Deel och erëm huet missen opginn. Hien erzielt, wou e seng Motivatioun hierhëlt a wat seng aktuell Projete sinn.
