"Ech hunn ee Feeler gemaach op 15 Feiler, dat ka passéieren", sou de Pit Klein

En Donneschdeg war mam Pit Klein am Bouschéissen ee Lëtzebuerger bei den Olympesche Spiller zu Paräis am Asaz.

De Lëtzebuerger Bouschéisser Pit Klein ass an den 1/32-Finallen eliminéiert ginn. Hien huet sech misse mat 4:6 géint de Kolumbianer Santiago Arcila geschloe ginn.