Episod 17 - Éischt-Hëllef beim Hond a bei der Kaz
26/07/2024

Wéi soll een am Noutfall reagéieren?
An der aktueller Episod vum Pattcast hu mir zesumme mat der Corinne Bormes iwwer d'Éischt-Hëllef beim Hond an der Kaz geschwat; si ass Infirmière vétérinaire. Mir hu si ënner annerem gefrot, wéi een an engem Noufall reagéiere soll, wat an eng Éischt-Hëllef-Trousse gehéiert a firwat filmen a verschiddene Situatiounen hëllefräich ka sinn.