Episod 18 - Déierepensiounen
15/10/2024

Wéi erkennt een eng seriö Déierepensioun?
Dës Kéier hu mir d'Bérit Majeres vum Service Bien-être de l'animal vun der ALVA bei eis op Besuch. Zesumme kucke mer op wat een oppasse soll wann een eng Déierepensioun sicht, wéi een eng seriö a gutt Pensioun erkennt a wéi ee sech soll uleeë wann ee säin Déier déi éischt Kéier an d'Pensioun gëtt. Op där anerer Säit interesséiere mir eis awer och dofir wat een alles maache muss fir eng Pensioun fir Muppen oder Kazen opzemaachen.