Podpurri Episod 36: De Lucien Kayser
08/06/2021

President vun der Sektioun Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal
Als Konschtkritiker ass de Lucien Kayser nach ëmmer gär aktiv. Zënter e puer Joer ass de pensionnéierte Franséisch- a Philosproff a fréiere Fussball-Arbitter awer och President vun der Section Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal. Doriwwer geet rieds, awer och iwwer déi franséisch Sprooch an hir Grammaire, iwwer Konschtkritik zu Lëtzebuerg an iwwer d'Esthetik an onlogesch Reegelen am Futtball.