Podpurri Episod 41: De Bernard Baumgarten
06/09/2021

De Choreograph an Direkter vum 3CL Bernard Baumgarten
Den Danz huet sech an de leschte Jore ganz besonnesch zu Lëtzebuerg entwéckelt, ëmmer méi Jonker probéieren hire Wee an d'Professionalitéit. En éischte wichtege Kontakt ass do de Centre de Création Choréographique - kuerz 3CL - an der Banannefabrik zu Bouneweg. Geleet gëtt dee vum Bernard Baumgarten, selwer e passionéierten Dänzer a Choreograph, deen no enger internationaler Karriär 2007 zeréck op Lëtzebuerg komm.