Podpurri Episod 47: Den Donato Rotunno
19/10/2021

De Film-Realisateur Donato Rotunno
Zënter iwwer 25 Joer ass den Donato Rotunno an der Lëtzebuerger Filmwelt mat senger Produktiounsfirma Tarantula present. Nieft der Funktioun vum (Co-)Produzent ass hien awer och als Realisateur an Zeenarist aktiv souwuel fir Dokumentären, wéi och fir Fiktiounsfilmer. säin aktuelle Film "Io Sto bene" erzielt déi fiktiv Geschicht vun zwee Mënschen, déi a verschiddenen Zäiten aus hirer Heemecht Italien op Lëtzebuerg kommen.