Podpurri Episod 51: Gerard Valerius
16/11/2021

De Galerist Gérard Valerius
Wéi de Gerard Valerius virun e puer Joer eng Galerie opgemaach huet, huet e sech selwer en Dram erfëllt. Vrun allem huet en awer domadder och vill Leit iwwerrascht. Bis dohinner war hie vrun allem bekannt als Gastronom mat Restaurant a Bistrot a laang Joren och am Disko-Nuetsliewen. An natierlech als RTL-Mataarbechter, deen ni ëm eng Äntwert verleeën ass oder souguer als Member vun der Band Djuju.