Podpurri Episod 53: Geneviève Mersch
30/11/2021

D'Cineastin Geneviève Mersch
"Komm, ech filmen dech!" ass den Numm vun enger Serie vu ganz kuerze Filmer, déi een den Ament am Ufank vu Seancen a verschiddene Kinoe ka gesinn. Et sinn dat schwaarz-wäiss Biller, déi viru gutt 100 Joer hei am Land gemaach goufen. Mat dësen Amateur-Opnamen aus dem CNA erzielt d'Realisatrice Geneviève Mersch kleng Geschichten iwwer d'Liewe vun deemools.