Podpurri Episod 62: Claude Waringo

15/02/2022
Podpurri Episod 62: Claude Waringo
Play

Ee vun den dräi Käpp hannert SAMSA-Film ass de Claude Waringo.

Zënter 1986 gëtt et SAMSA, déi wuel gréisste Filmproduktiounsfirma zu Lëtzebuerg.
Iwwer 100 Spillfilmer an eng grouss Zuel un Dokumentären a Kuerzfilmer goufen hei produzéiert, awer och Serien, deels fir de Lëtzebuerger Marché, deels fir international Co-Produktiounen, mat deene se schonn zu Cannes, Venedeg, Berlin, bei den Oscaren a mat der Serie "Capitani" op Netflix waren. Lo kënnt déi zweet Staffel, e spannende Moment fir de Produzent Claude Waringo.

iTunesSpotify